
© Patrick Greis
Eng geheimnisvoll Woch mam fréieren Geheimagent geet esou lues op en Enn. Den André Kemmer ass eppes wéi e Buch mat 7 Sigelen. 'Top secret' Dossieren ass hien gewinnt confidentiel ze halen. Den Auteur vun e puer Romaner weess wéi wäit ee geet fir de Virwëtz ze stëllen. Beim Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten mécht hien d'Dier eng Spléck op, paakt aus an deelt Informatiounen mat eis. Piano am Bistrot de la Presse: Marc Schmidt
Muer géint 17h10 gi mer gewuer op den André Kemmer säin Drink léiwer geréiert oder gerëselt huet an et gëtt nach Anekdoten iwwer den Ausseminister Jean Asselborn an den Ierfgroussherzog Guillaume

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen