De Maître Jean-Jacques Schonckert ass deen an der Mëtt, tëscht 2 Bridder. Opgewuess ass hien zu Mamer an all fräi Minutt war hien zu Bur un der Sauer, wou de Monni en Hotel hat. No 7 Joer Kolléisch konnten d'Proffen an hien opootmen an ënner dem Motto «le droit mène à tout, à condition d’en sortir» huet hien dee Wee ageschloen. Hien ass entretemps mat all Waasser gewäsch, net zu Lescht duerch d'Geesseknäppchen-Connection, d'Waldbëlleger Affär oder de Juradoprozess, deen éischten Geldwäscherprozess an Europa. Am Gespréich mam Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten geet awer och rieds iwwer seng 3 Meedercher, seng Léift zum Fussball an zum Fëschen. Piano am Café des Artistes: Marc Schmidt

27-03-2023 RTL-Afterwork: mam Jean-Jacques Schonckert (Méindeg)

Muer géint 17h10 zielt de Maître Jean-Jacques Schonckert iwwert seng Kandheet, wou de Grand-Duc Jean sech bei hinnen am Hotel ugekënnegt hat an hien den héije Gaascht awer ne ze Gesiicht krut an hien verréit firwat se am Kolléisch frou waren wéi hien d'Première gepackt hat.

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen