
© Patrick Greis
De Maître Jean-Jacques Schonckert huet gëscht verroden dass hien ugangs Proff wollt ginn, mä dat wollt hien dunn awer weder de Schüler nach dem Corps enseignant undinn, an esou huet e sech noutgedrongen fir Droit entscheet, an et deet him bis haut net leed fir dee Choix gemaach ze hunn, an de Leit ze hëllefen an hinnen bäizestoen. Am "Café des artistes" huet hien dem Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten ënnert anerem en Abléck a seng éischt Fäll ginn. Piano: Marc Schmidt
Muer géint 17h10 zielt de Maître Schonckert wéi geféierlech een als Affekot heiansdo lieft, a wéi en Expert an der Waldbëlleger Affär Schanken mat an de Geriichtssall bruecht huet

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen