
© Patrick Greis
Dag fir Dag gëtt de Maître Jean-Jacques Schonckert agedeckt mat Schauermärecher. Bei him geet et ëm Liewen an Doud, Fräiheet oder Prisong, mee virun allem d'Wourecht. Onofhängegen Affekot ass hien zanter dem 26ten Februar 1986 bis haut, a vun Ufank un goung et bei him ëm d'Strofrecht. Am 'Café des artistes" koumen den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d'Shari Schenten och op e puer däreg Dossieren ze schwätzen, déi vill Wellen geschloen hunn. Piano: Marc Schmidt
Muer géint 17h10 zielt de Maître Schonckert wéi e sech op e Prozess preparéiert, dass en seng "Robe" eng Kéier geklaut krut an dass en och geschwënn Beem a Flëss verdeedege wëll

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen