De Romain Hoffmann ass e Stack Bartrenger. Mat 9 Joer huet hien als Spiller op der Sparta ugefaange, an aktuell ass hien de President vum Traditiounsbasketclub. Bekannt ass hien och vun der Fouer, wou hien dëst Joer fir 43. an den Asaz kënnt. Da spillt hien leidenschaftlech gär Theater, ass e Meeschter am Geschichtenerzielen a säin Motto "Fester soll ee feieren wéi se falen". Wéi en u säin Spëtznumm 'Fox' koum, wéi e vun den Aarbechtskolleegen op den Aarm geholl gouf, a firwat e seng nei Vespa direkt nees verkafe wollt, zielt hien dem Dan Spogen, Raoul Roos a Mike Fandel. Piano: Marc Schmidt

26-06-2023 RTL-Afterwork: mam Romain 'Fox' Hoffmann (Méindeg)

Dat ass natierlech e Witz.

Muer géint 17h10 zielt de 'Fox' firwat hien kee grousse Basketspiller gouf. Hien verréit, wéi hien als Chef op der Fouer ass, a seet wat hien vum Sproch hält "Wer nichts wird, wird Wirt".

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen