
© Patrick Greis
De Romain Hoffmann war emol Vizepresident vun der FLBB an ass zanter 2021 nees Sparta-President. Hien ass awer och zanter méi wéi 4 Joerzéngten Forain, an hëlt seelen e Blat vrun de Mond, a seet wat ze soen ass, wann et un der Zäit ass. Am 'Café des artistes' am Gronn haten den Dan Spogen, Raoul Roos a Mike Fandel 1 Stonn Zäit fir all dat ze froen wat hinnen ënner de Neel brennt. Piano: Marc Schmidt
Muer géint 17h10 zielt den Romain Hoffmann wéi e sech no der Kiermes zu Bartreng an der neier Cité verluer hat. Mir ginn gewuer firwat hien zanter 14 Joer e Scooter an der Garage stoen huet, ouni emol 1km dermadder gefuer ze sinn, a firwat d'Schwéiermamm him eng Kéier eng gejauft hat.

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen