
© Patrick Greis
Nach genee 8 Wochen da fänkt d'Fouer un. A 56 Deeg, e Mëttwoch 23ten August um 17h00 ass den offiziellen Optakt, an dann ass et fir de Romain Hoffmann déi 43t Editioun, bei där hien als Forain derbäi ass. De 'Fox' huet awer nach vill aner Kapen op, wéi hien dem Dan Spogen, Raoul Roos a Mike Fandel verroden huet. Piano: Marc Schmidt
Muer géint 17h10 verzielt den Romain Hoffmann wéi en op senger éischter Plaz vun den Aarbechtskolleegen op d'Schëpp geholl gouf. Den Hobbykach verréit, dass hien dacks nom ville Geschmaachs eng zweete Kéier kache muss, a mir ginn gewuer wéi hien u säin Spëtznumm 'Fox' koum.

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen