Zu de Fakten. De Romain Hoffmann huet 64 Joer an hien gehéiert zu Bartreng wéi de Kierchtuerm oder den Tossebierg. 2x bestuet, Papp vun 3 Kanner, houfrege Grousspapp vun enger Enkelin, laangjärege Forain aus Leidenschaft a President vun der Sparta. Genuch interessant Punkten fir ze verdéiwen, an engem labbere Gespréich am 'Café des artistes' mam Dan Spogen, Raoul Roos a Mike Fandel.
Piano: Marc Schmidt

29-06-2023 RTL-Afterwork: mam Romain 'Fox' Hoffmann (Donneschdeg)

Muer géint 17h10 zielt den Romain Hoffmann iwwer seng aner Passioun nieft dem Basket. Hien steet gären op der Bün a mécht senge Kolleegen d'Liewen och emol schwéier wann hien matzen am Stéck improviséiert.

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen