
© Pixabay
Fir de Weekend vum 1ten an 2ten Oktober
Am Kader vum Euro Birdwatch Day 2022 sinn dëse Weekend zu Lëtzebuerg zwee Rendez-vousen fir zesummen d'Migratioun vun de Villercher ze observéieren. Haut (01.10.22) ass deen éischten am Biodiversum Camille Gira a muer (02.10) deen zweeten am Naturschutzgebitt Schlammwiss. Um 9 Auer muer de Moien gëtt sech um Parking vum Futtballsterrain zu Mënsbech getraff. Dir sollt waarm ugedoen sinn, fest Schong oder Stiwwelen unhunn a kënnt eng Spektiv matbréngen.
https://www.naturemwelt.lu/de/eurobirdwatch-am-1-und-2-oktober-2022-vogelzug-beobachtung/
Um Glacis ass muer (02.10) vun 10 bis 17 Auer Vide-Grenier. Eppes fir déi, déi op der Sich no besonneschen Objete sinn, alles vu Privatleit.
Haut (01.10) ass Family Play Day am Cercle Cité an der Stad. Tëscht 10 a 17 Auer kënne grouss a kleng vill erliewen. Et kascht näischt an Dir braucht Iech och net am Viraus unzemellen.
Europa Donna invitéiert op déi 20. Editioun vum Broschtkriibslaf. Et geet iwwer 4 Kilometer an den Depart ass de Moien (01.10) um 10 Auer am Park hannert der Hesper Gemeng.
https://www.broschtkriibslaf.lu/
Haut (01.10) heescht et och Vive la diversité zu Hesper am Centre Culturel CELO, um Internationalen Dag vun den eelere Leit. Mat Virträg, Atelieren, engem Apero-Concert an engem Theaterstéck, an deem d'Stereotypen vum Alter ausernee geholl ginn.
Haut (01.10) fänkt de Festival atlântico an der Philharmonie un. Bis de 9ten Oktober gëtt et vill Musek aus portugisesch-sproochege Länner. Den Owend ass d'Ouverture mam António Zambujo.
Lusophon Musek, tëscht traditionell a modern.
https://www.philharmonie.lu/de/programm/festivals/atlantico
Au Goût du Terroir- nach haut a muer (01. & 02.10.22) zu Käerjeng. Dat ass de Festival vum gudde Geschmaach, op zwee Sitten, an der Brauerei an am Treff.
Op der Plaz gi Kuelen hiergestallt, et gëtt Show-Cookingen, Wäin-, Béier- an Gin-Degustatiounen.
A nach e RV fir déi nächste Woch: do kucke mer an den Himmel. Den Universum ass voller Faarwen a wonnerschéin. De Nicki Feierstein, Éierepresident vun de Lëtzebuerger Hobbyastronomen, schwätzt iwwer dës Faarwen, de nächsten Donneschdeg (06.10), um 19h30 an der Millen zu Biekerech.