Virun e puer Wochen war den Deel ëmstriddene militäresche Réckzuch vun den US-Truppen am Afghanistan. Ewell hunn déi radikal-islamistesch Taliban do d'Soen. Virun 20 Joer huet dee ganze Misär ugefaangen. E Réckbléck mam Jean-Marc Sturm.

16/10/2021 Aktualitéit virun 20 Joer

Mëtt Oktober 2001. D'USA bombardéieren zënter engem Mount Taliban-Positiounen am Afghanistan.

Den US-President Bush wollt dass d'Afghanen den USA den Osama bin Laden ausliwweren. Deen Ament géifen och keng Bomme méi ofgeworf ginn.

CUT

Tja dat sollt net opgoen. De Bush war deemools och iwwerzeegt dass d'Militäroperatioun bannent zwee Joer eriwwer wier. Um Enn koum eng Null hannert déi Zuel an d'Resultat ass nt bedeitend, ausser vläicht dass een de Bin Laden effektiv liquidéiert krut.

Op politeschem Plang huet sech deemools d'LSAP een seriöen Debat iwwert d'Zukunft vum Land gewënscht.Thema war Immigratioun an d'Gestioun vum Frontalier-Flux.

Fir de Mars di Bartolomeo bräicht ee keng Angscht virun Iwwerfriemungen hunn.

CUT

Heiheem war et virun 20 Joer awer och de Prozess Bejaoui nom Geiseldrama an der Crèche  Spatzennascht zu Waasserbëlleg.