Op der Sich no neier Musek déi dëse Weekend erauskënnt, fält relativ séier op datt et an eng bestëmmte Richtung geet. Net vum Genre mä vum Land hier. Ob dat gutt oder schlecht ass, decidéiert am beschte jidderee fir sech selwer.

11/10/2019 Musek Tipp

Eng vun den neie Placken ass vun enger bekannter Stëmm, och wann déi soss op englesch gesongen huet. Den Henning Wehland, ee vun de Sänger vun der däitscher Crossover-Band H-Blockx déi Mëtt de 90er mat Lidder wéi Move, Risin' High a Little Girl hir grouss Zäit hat, bréngt mat Gesetz der Toleranz säin 2. Soloalbum. Dee kënnt och elo net komplett aus der Versenkung; zum Beispill souz den Henning bei The Voice Kids a Superkids am Jury, war bei de Söhne Mannheims aktiv, huet selwer eng Agence a war elo am September an der Léier beim aktuelle Buergermeeschter vun der Stad Münster fir selwer eng Kéier Buergermeeschter ze ginn.

Kummer ass de Familljennumm vun engem vun de Kraftklub-Sänger. Felix Kummer och heiansdo Felix Brummer ass fir de Rap-Deel vu der Kraftklub-Musek zoustänneg. Do dierft et och net all ze vill iwwerraschen datt seng éischt Solo-Plack Kiox ferm no Hip Hop kléngt. De Chemnitzer verschafft vill Aktualitéit a senger Musek, Rassismus ass een Thema dat reegelméisseg erëmkënnt, kontra natierlech. Fir de Release huet de Felix zu Chemnitz e Plackebuttek ënnert sengem eegenen Numm opgemaach.

Da komme mir bei L wéi Lotte! D'Charlotte Rezbach vu Ravensburg ass 24 Joer jonk an huet 2017 en éischten Album Querfeldein op de Marché bruecht. Elo ass et ganz einfach u Glück. Auf Das, Was Da Noch Kommt zesumme mam Max Giesinger ass och um Album ze fannen. De Video ass richteg flott mat Optrëtter vun den 2 Haaptprotagonisten natierlech an ënner anerem Leit wéi de Luke Mockridge, Mark Forster, Revolverheld, Tim Mälzer, Michael Schulte a Steven Gätjen.

Dat ass awer nach net alles, allerdéngs ass de Rescht éischter opgewiermte Kascht. Nom Succès vu Bohemian Rhapsody probéiert een elo mat enger Super-Duper-Kompilatioun vum Freddie Mercury nach méi Frick ze maachen, déi heescht iwwregens Never Boring. Dann och nach Kollektioune vu Mel & Kim, The Clash an The Steve Miller Band. A wien nach eppes mat Puddle Of Mudd unzefänke weess, déi hate mol Succès mat Blurry an She Hates Me, probéieren nach eng Kéier hiert d'Gléck mat Welcome To Galvania.