Am Verglach zur leschter Woch ass et dës Kéier dann awer gudde Krack méi roueg. Ganz richteg ass dat och erëm net well déi schottesch Grupp Gun am Rock doheem ass. Latin-Pop gëtt et fir d'Fans vum Juanes an de Mark Forster war e Concert op Paräis ophuelen.

29/11/2019 Nei Musek fir de Weekend

Woubäi een déi schottesch Band Gun net onbedéngt kënne muss, trotzdeem hate se hir grouss Zäit Mëtt den 90er, ënner anerem mat enger Coverversioun vum Cameo-Hit Word Up fir deen d'Grupp en MTV Europe Music Award an der Kategorie Best Cover gewonnen huet. Fir de Best Of R3loaded hunn d'Schotten nach eng Partie aner Lidder gecovert zum Beispill Diamonds vum Rihanna oder Superstition vum Stevie Wonder. Déi eege Lidder vu Gun sinn natierlech och op der Plack drop.

Fir de kolumbianesche Superstar Juanes ass et dëse Weekend den 8. Album. Op Mas Futuro Que Pasado kritt een eng experimentell Rees duerch d'Latäinamerikanesch Musek gebueden. De Juanes huet sech och op e puer Kollaboratiounen agelooss, dorënner de Sebastian Yatra dee scho mam Milow gesongen huet an d'Alessia Cara. Et sinn eventuell méi ongewinnten Téin déi de Kolumbianer op sengem 8. Wierk vu sech gëtt, ma dat wier déi perfekt Kombinatioun vu senger Vergaangenheet, dem Elo an sengen zukünftege Pläng, sou de Juanes am Interview mat Billboard.

Zeréck an Europa bei eis däitsch Noperen déi sech och emol zu Paräis verlafen. De Mark Forster hat sech mat engem Mikro an engem Steinway Fligel am Theater La Nouvelle Eve ugemellt fir do säi rezenten Album Liebe an enger ganz intimer Atmosphäre zum Beschten ze ginn. En Owend wou de Mark ganz vill iwwer sech a seng Musek geschwat a virun allem d'Lidder aus Liebe op eng ganz minimalistesch Manéier nei interpretéiert.

Net méi oder manner intressant ass dëse Weekend de Chrëschtdagsalbum vun der aktueller Equipe vu Sing Meinen Song. Marillion presentéiere mat With Friends From The Orchestra eng Kollektioun vun nei-arrangéierte Lidder aus der Steve Hogarth-Ära. An änlech dierft dann och dem Rod Stewart seng nei Plack You're In My Heart: Rod Stewart With The Royal Philharmonic Orchestra kléngen.