De Begrëff Rockstar ass an Tëschenzäit flexibel; dowéinst kann een den Harry Styles och an dës Kategorie setzen. Mumford & Sons feieren hiren éischten Album a Stone Sour hunn ee vun de leschte Concerte mat opgeholl.

14/12/2019 Nei Musek fir de Weekend

Wann een dat sou liest, kann ee soen datt net schrecklech vill am Business lass ass. Kann ee sou mat zwou Hänn ënnerschreiwen an duerfir fänke mir mat deem jonken Här Styles un dee mat Fine Line säin 2. Album dëse Weekend erausbréngt. Den Harry hat virun 9 Joer säi Gléck bei der Castingshow The X Factor versicht, gouf do awer séier eliminéiert fir duerno am Projet One Direction matzewierken. D'Boyband gëtt e weltwäite Phenomen, zënter 3 Joer hunn d'Bouwen eng Paus, op onbestëmmten Zäit, fir datt sech déi eenzel Sänger op hir Solokarriäre konzentréiere kënnen, dorënner dann och den Harry Styles deen 2017 mat Sign Of The Times direkt erfollegräich an d'Solokarriär gestart ass. Am August hat den Harry matgedeelt datt Fine Line vu Sex a sech traureg fillen handelt an datt hie Droge wärend den Opname geholl hat.

Virun 10 Joer gouf et eng Well vun engleschem Folk déi Mumford & Sons deemools mam Debutalbum Sigh No More ausgeléist hunn. Fir den 10. Anniversaire vun där Plack, ass vun dësem Weekend un eng limitéiert Box ze kréien an där déi 12 Lidder vum Album op 6 Placken opgedeelt goufen. Vinyl ass jo erëm in. Am Kader vun 10 Joer Sigh No More ass d'lescht Woch och en neien Titel erauskomm, Blind Leading The Blind, e Lidd dat nach op kengem Album vun de Sons drop ass. Déi limitéiert Box mat de 6 Placken ass fir ronn 60 Euro ze kréien.

An dann nach eppes méi Raues. De Corey Taylor, Frontmann vu Slipknot, huet jo nach een anere Projet mam Numm Stone Sour. Do geet et net grad sou haart wéi bei de Masken hier, ma trotzdeem fënnt ee bei Stone Sour och eng uerdentlech Portioun Rock. Hello, You Bastards: Live In Reno ass u sech deen 2. Live Album vun den Amerikaner, allerdéngs gouf et Live In Moscow nëmmen digital op iTunes. De Gittarist vu Stone Sour huet an engem Interview gemengt datt deen Album net perfekt ass a behaapte sech drop datt duerno net dru geschafft ginn ass. Dee 16 Lidder laange Concert vu Reno gëtt u sech e gudden Abléck an dat wat Stone Sour zënter elo 17 Joer maachen.

Also wann dat kee Grond ass fir de Weekend ze rocken.