Sou lues awer sécher ass de Business erëm op Betribstemperatur. Dëse Weekend ginn zwou Fraen an eng kanadesch Rockgrupp an d'Vitrinn gestallt. Fir d'Meghan Trainor ass et den 3. Album, dem Kesha seng 3 Joer laang Paus ass eriwwer an Theory of a Deadman bréngen hiert 7. Wierk ënnert d'Leit.

31/01/2020 Nei Musek fir de Weekend

Ladies first selbstverständlech. Eigentlech misst dem Meghan Trainor seng nei Plack schonn 2 Joer al sinn; Treat Myself sollt schonn den 31. August 2018 an de Regaler stoen. Op eegene Wonsch huet d'Meghan decidéiert de Release no hannen ze réckelen, deen Ament war d'Sängerin komplett am Schreiwen a wollt  dee Prozess maximal notzen. Dat huet awer näischt dru geännert datt 2018 schonn déi éischt Single No Excuses ausgekoppelt ginn ass. Wéi et schéngt ass d'Meghan Trainor fäerdeg mam kreatve Prozess, well Treat Myself ass prett fir op d'Leit lassgelooss ze ginn. Nieft dem Meghan héiert een op dësem 3. Album och nach d'Lennon Stella, d'Nicki Minaj an d'Pussycat Dolls.

Déi 2. Artistin mat neier Musek fir dëse Weekend lauschtert op den Numm Kesha; High Road heescht den Album Nummer 4. Den Nofollger vu Rainbow deen 2017 erauskomm ass, markéiert dem Kesha säi Retour bei seng Originnen, et gëtt also erëm méi poppeg. Ënnerstëtzung beim Lidderschreiwen hat d'Kesha vu senger Mamm, den Nate Ruess vu Fun an den Dan Reynolds vun Imagine Dragons. D'Produktioun gouf ënner anerem vum Ryan Lewis assuréiert, de Buddy vum Macklemore. Raising Hell gefält gutt an op Resentment kritt een eng Iddi war d'Kesha alles drop huet. High Road dierft besonnesch bei den Amerikaner landen.

Fir den Ofschloss gëtt et rockeg. An neen, Kanada huet net nëmmen Nickelback wann et ëm dëse Genre geet an trotzdeem huet déi nei Plack vun Theory Of A Deadman eppes mam Chad Kroeger ze dinn, well d'Band ronderëm den Tyler Connolly huet 2001 en Deal mat 604 Records ënnerschriwwen, de Label vum Nickelback-Sänger. Ënner anerem dowéinst muss sech d'Grupp vu Kensaltown gefale loossen datt se am Laf vun de Joer hire Stil geännert hunn an och mol méi poppeg a manner no Hard Rock kléngen. Ob dat elo gutt oder schlecht ass, decidéiert weg jidderee fir sech selwer. Op alle Fall ass Say Nothing schonn de 7. Album vun der kanadescher Grupp Theory Of A Deadman.