Green Day maachen nach ëmmer dat war se am beschte kënnen; net dat wat d'Leit erwaarden. Mighty Oaks hunn an Tëschenzäit och eng richteg Fan-Basis zu Lëtzebuerg an d'Stone Temple Pilots si bei Album Nummer 8 ukomm.

07/02/2020 Nei Musek fir de Weekend

Kuerz awer hefteg, a virun allem net previsibel. Green Day sinn erëm do. Awer net sou richteg laang; Father Of All Motherfuckers ass genee 25 Minutten an 53 Sekonne laang, dat sinn nach eng Kéier knapp 5 Minutte manner Musek wéi op deem bis ewell kierzte Green Day Album 39/Smooth. Déi bal 26  Minutte Musek sinn aus 10 Lidder zesummegesat, dorënner natierlech och déi éischt 3 Singlë Father Of All Motherfuckers, Fire, Ready, Aim an Oh Yeah!. Den 13. Album vu Green Day jäitzt nach ëmmer no Anarchie, kléngt awer net no Green Day wat awer eigentlech zimmlech egal ass, Punk eben.

Mighty Oaks schloen hiert 3. Kapitel op. No Howl an Dreamers ass et elo un der Plack All Things Go. Déi international zesummegewierfelt Band huet och schonn eng kleng Geschicht mam Grand-Duché, den Ian Hooper, de Craig Saunders an de Claudio Donzelli hu schonn e puer Concerten zu Lëtzebuerg gespillt, deen Nächsten, mat Musek aus dem 3. Album dann natierlech och, an de Rotondes, an deen ass ausverkaaft, wëllt heeschen, hir Musek kënnt och hei gutt un. Wie keen Ticket huet, ka sech jo den 3.Album All Things Go organiséieren.

A wou fänkt ee weg bei de Stone Temple Pilots un? Villäicht ganz vir, d'Grupp vu San Diego war Ufanks den 90er en Deel vun der Grunge-Beweegung, hiren 92er Debutalbum Core hat d'Weechen op Succès gestallt. An de Joren duerno fält d'Grupp och nach musikalesch op, awer net nëmmen, deen haut verstuerwene Sänger Scott Weiland huet ëmmer nees mat Drogenexzesser fir Gespréich gesuergt. No deem sengen Dout huet de Linkin Park-Sänger Chester Bennington d'Roll vum Sänger iwwerholl, d'Schicksal vum Chester ass bekannt dowéinst hunn d'Stone Temple Pilots erëm en neie Sänger. Zënter 2017 séngt elo den Jeff Gutt bei den Amerikaner a mat Perdida gëtt et elo schonn den 2. Album mam Jeff als Sänger.