Et gi sou Weekender do muss ee ganz vill kraze goe fir nei Musek opzedreiwen. Dëse Weekend ass sou een. Gutt et wäert schonn deen een oder aneren intresséieren datt den Justin Bieber eng nei Plack huet, datt et Huey Lewis & The News nach ëmmer gëtt an datt nach laang net all Singer-Songwriter bekannt ass.

14/02/2020 Nei Musek fir de Weekend

Beim kanadesche Superstar Justin Drew Bieber handelt et sech ëm de 5. Studioalbum. Changes huet eng Partie intressant Features ze bidden, do liest een Nimm wéi Post Malone an Travis Scott, an hire Milieuen net déi Klengst. Eréischt d'lescht Joer um Coachella Festival hat den Justin säi Comeback ugekënnegt, hie war beim Optrëtt vum Ariana Grande op d'Bühn komm, déi 2 ware jo mol zesummen. Duerno am Oktober huet de Bieber matgedeelt datt hie säin nächsten Album nach viru Chrëschtdag erauskomme géing, wa säi Post op Instagram 20 Millioune mol geliked gëtt. Bon, de Post gëtt et net méi an et ass geschwënn Ouschteren, dee Plang ass net opgaangen. Wéi och ëmmer d'Plack ass do; Album Nummer 5 vum Justin Bieber - Changes.

Bei Back To The Future huet een direkt eng Melodie am Kapp. Déi ass vun Huey Lewis & The News, The Power Of Love. Aus där selwechter Zäit, Mëtt 80er, staamt dann och den Album Sports mat deem d'Band u sech de gréisste Succès hat, do waren d'Lidder Heart and Soul, I Want A New Drug an The Heart of Rock & Roll drop. Gutt 30 Joer méi spéit sinn Huey Lewis & The News awer nach ëmmer aktiv, an Tëschenzäit ass ee bei Album Nummer 10 ukomm. Weather ass déi éischt nei Plack an 10 Joer, Album Nummer 9 Soulsville ass 2010 erauskomm. Fir ganz vill Musek ass et leider och net duergaangen; ronn 26 Minutte Musek, am ganze 7 Lidder.

A fir ofzeschléissen e Singer-Songwriter dee villäicht nach net grad sou bekannt ass. Den Nathaniel David Rateliff, 41 Joer jonk, kënnt am Missouri op d'Welt an nennt elo Denver seng Heemecht. Mat 7 Joer léiert hie Batterie spillen, verléiert mat 13 Joer säi Papp an engem Autosaccident, bréngt sech doropshin d'Gittarspille bei a fänkt gläichzäiteg un eege Lidder ze schreiwen. Seng Karriär fänkt 2002 un andeems hien d'Grupp Born In The Flood grënnt déi 2007 souguer en Album erausbréngt. Duerno mécht hien ënnert sengem eegenen Numm weider. A senger Musek spigelt sech Kandheet erëm, et héiert een Aflëss vu Gospel, den Nathaniel huet nämlech och eng Kéier an engem Gospelchouer gesongen, Soul, Folk, Blues an Americana. Eventuell en Artist fir z'entdecken; den Nathaniel Rateliff, säin neien Album heescht And It's Still Alright.