"Halli Galli" a "Schnéi vu gëschter" wieren eigentlech zwou gutt Iwwerschrëfte fir déi nei Placke vun dësem Weekend ze resuméieren. Trotzdeem gëtt de Marché eppes fir déi nächst Minutten hier, och wann et mat Five Finger Death Punch e bësse méi rau gëtt. De Florian Ostertag an de Gil Ofarim kréien dat awer erëm ausgeglach.

28/10/2020 Nei Musek fir de Weekend

Da fänke mir och léiwer mat de Singer/Songwriter un. De Gil Ofarim kennt ee villäicht nach duerch d'Foto-Love-Story aus der Bravo, respektiv dem Lidd Round 'N' Round (It Goes) oder och nach duerch säin Optrëtt an der 1. Staffel The Masked Singer, de Gil war den Heesprénger a bis op Plaz 2 komm. De grousse Succès ass bis haut ausbliwwen. Seng Musek huet et wuel reegelméisseg an d'Charts gepackt, héchst Placéierungen an Däitschland war d'29 fir Round 'N' Round, an der Schwäiz war ëmmerhin eng 11. Plaz fir dat Lidd dran. 13 Joer no sengen Ufäng kënnt dann elo dëse Weekend seng nei Plack Alles Auf Hoffnung an d'Butteker. Aus dem Teenie-Star aus der Bravo ass en erwuessene Museker mat vill Gefill ginn.

Singer/Songwriter Deel 2 mat engem Mann dee viru kuerzem 40 Joer jonk ginn ass. De Florian Ostertag ass ausgebilten Tountechniker, huet schonn am Virprogramm vu Gruppe wéi Boy, Alin Coen Band an dem Joris gespillt, a feste Bandmember beim Philipp Posel ass de Florian och nach. Duerch d'Televisiounsformat TV Noir ass de Multiinstrumentalist, hie spillt Gittar, Mandolinn, Piano an ënner anerem och Akkordeon, engem méi breede Public bekannt ginn. Seng éischt Plack The Constant Search kënnt 2009 eraus, sou huet de Florian sech gutt Zäit fir Album Nummer 2 gelooss. Flo and The Machine heescht dat neit Wierk an ass eng Uspillung un d'Grupp Florence & The Machine.

An elo gëtt et dann eng Grëtz méi hefteg. Five Finger Death Punch maachen nämlech Heavy Metal, dat hu se den 2. Februar dëst Joer an der Rockhal, zesumme mat Megadeth, och ënner Beweis gestallt. D'Grupp ronderëm de Sänger Ivan Moody ass vu Las Vegas an existéiert an Tëschenzäit 15 Joer. Déi amerikanesch Rocker si bei hirem 8. Album ukomm, fir den Titel huet een einfach de Buschtaf F virun d'8 gesat, gëtt F8 wéi um Computer oder F8 wéi Fate, Schicksal. Five Finger Death Punch gesinn hiren 8. Album als eng Zort Reinkarnatioun, ënner anerem well mam Charlie Engen en neie Mann op der Batterie sëtzt. Dräivéierel Stonn Vollgas.

Wien nach Biller vun der neier Musek brauch, Rendezvous op radio.rtl.lu