En Indie Pop-Duo aus Schweden, respektiv Amerika. Ee 25 Joer jonken Amerikaner dee scho Lidder fir Charli XCX, Demi Lovato an d'Celine Dion geschriwwen huet. An dem Liam Gallagher säin eelere Brudder am Mini-Format. Dat richt no Erklärungen.

06/03/2020 Nei Musek fir de Weekend

Kommen direkt. Den Ari Staprans Leff, Amerikaner, ass eng ganz intressant Nummer. Den Ari huet sech am Laf vun de Joer de Kënschtlernumm Lauv zougeluecht, dat Wuert fënnt een a Lettland a bedeit Léiw, déi grouss Kaz; ier dat awer souwäit war huet den Ari mol mat 11 Joer Gittar geléiert, 3 Joer méi spéit éischt Lidder geschriwwen a virun der elektronescher Musek souguer nach Jazz studéiert. Viru gutt 5 Joer fänkt dem Lauv seng Karriär lues a lues un, éischt Lidder ginn op Soundcloud viral a mat No Promises vun Cheat Codes mam Demi Lovato gëtt et schonn en Chartserfolleg fir de Lauv, hien hat dat Lidd matgeschriwwen. 66 Minutte Musek erwaarden iech um Lauv sengem Debutalbum How I'm Feeling, dat sinn am ganzen 21 Lidder wouvunner een der schonn 10 kenne kéint. Tëscht Januar d'lescht Joer a Februar dëst Joer huet de Lauv profitéiert seng Musek an den Ëmlaf ze kréien, 10 Lidder vu senger éischter Plack goufen ausgekoppelt.

Den Noel Gallagher misst deene meeschten e Begrëff sinn, zesumme mat sengem Brudder Liam hunn déi 2 ënnert dem Numm Oasis op der ganzer Welt Succès gehat. Vu datt déi 2 net laanscht enee kommen, mécht elo jidderee seng eege Mëscht, den Noel ënnert dem Numm Noel Gallagher's High Flying Bird. Deen éischten Album war 2011 erauskomm, Album Nummer 3 Who Built The Moon? gëtt dëst Joer 3 Joer al. Mat deem Album war den Noel och den 20. Abrëll virun 2 Joer an der Rockhal am Kader vun der Stranded on The Earth World Tour. Fir d'Fans net all ze laang op d'Folter ze spanen, bréngt d'Grupp zënter dem leschte Joer där sougenannt EPen eraus, eng Zort Mini-Album, also manner Lidder wéi op enger LP. Dëse Weekend kënnt schonn déi 3. eraus Blue Moon Rising.

Bleift nach deen Indie Pop-Duo do. Dat ass d'Shpresa vu Stockholm an de Cole vu Minneapolis déi ënnert dem Numm Flora Cash Musek maachen a bis haut nach Kengem erkläert hu firwat Flora Cash Flora Cash heescht. Déi 2 begéine sech am World Wide Web op SoundCloud wéi d'Shrpresa dem Cole seng Musek kommentéiert, fir d'éischt gesinn déi 2 sech zu Minneapolis, fänken awer a Schweden un als Flora Cash ze fonctionéieren. Eng Debut-Ep ass am Dezember 2012 erauskomm, d'Joer drop huet sech d'Koppel bestuet. Bis den Debutalbum Nothing Lasts Forever (And It's Fine) sollten awer nach 4 Joer vergoen. Elo ass et deemno um Album Nummer 2 Baby, It's Okay mat ënner anerem de Lidder You Love Me, Missing Home an Honey Go Home.