Freideg den 13.?!? Gëlt dat och fir d'Museksindustrie? Éischter net; et ass genuch do wéi zum Beispill deen éischten Album zënter 36 Joer vun The Boomtown Rats, en 2. Album vun engem One Direction-Member an Selig feiere 25 Joer vun hirem Debutalbum.

13/03/2020 Nei Musek fir de Weekend

The Boomtown Rats? Déi mam Bob Geldof? Absolut. Viru 36 Joer ass hire bis ewell leschten Album In The Long Grass erauskomm a well d'Grupp eigentlech ni ausernee gaangen ass, mä nëmmen eng Paus ageluecht huet, sou de Bob Geldof viru kuerzem, an nach genuch Roserei an hire Käpp war, feieren d'Punkrock-Pionéier 2020 e Comeback. Geet et dem Initiateur vu Live Aid ass Citizens of Boomtown, sou heescht de 7. Album vun de Rats, dat wat hinnen am nooste kënnt. 10 Lidder, dat sinn déck 41 Minutte Musek, déi éischt Single lauschtert op den Numm Trash Glam Baby.

Wärend 6 Joer huet d'Boygroup One Direction een Hit nom anere gefeiert a Fans op der ganzer Welt gesammelt. Ma och d'Soloprojete vun den eenzele Member droen hir Friichten. Laanscht den Harry Styles kënnt keen, de Liam Payne ass och fläisseg an da gëtt et och nach den Niall Horan deen elo mat Heartbreak Weather u sech säin 2. Album op de Marché bréngt. U sech well den éischten Album e Live-Album war, mä déi Iwwerleeung muss een net weider verdéiwen, oder einfach egal. Nice To Meet Ya dierft engem bekannt sinn, donieft ginn et nach 13 aner Lidder déi op Heartbreak Weather ze fanne sinn.

Déi däitsch Band Selig gëtt 1993 gegrënnt, 1999 opgeléist an 2008 nach eng Kéier gegrënnt, bref; et gëtt se nach bis op de Keyboarder Malte Neumann deen 2014 d'Grupp verlooss huet. Den Debutalbum Selig ass 1995 erauskomm, feiert deemno dëst Joer 25 Joer an dat gëtt gefeiert. Déi alleréischt Plack kënnt nei eraus, en plus ass eng opwänneg Tour geplangt. Selig selwer sinn op där neier Versioun awer net ze héieren, dat iwwerléisst déi däitsch Rockgrupp Leit ewéi de Philip Poisel, Pohlmann, Wolfgang Niedecken, Olli Schulz an de Johannes Oerding. Déi 15 Lidder op Selig macht Selig goufen awer net 1. zu 1. gecovert mä nei interpretéiert. E flotte Kaddo fir de 25. Gebuertsdag vum Selig-Debutalbum.