Wéi heescht et sou schéin "Kultur fir Doheem". Musek zielt jo och zur Kultur an neit Material gëtt och dëse Weekend. Australesche Pop-Rock, Disco-Pop aus Groussbritannien a Grunge, respektiv Rock, vu Seattle.

27/03/2020 Nei Musek fir de Weekend

Ladies first. Dem Dua Lipa säin 2. Wierk kënnt dëse Weekend an d'Butteker. D'Sängerin aus Groussbritannien, an Tëschenzäit fir Disco-Pop bekannt, sollt den Album eréischt d'nächst Woch erausbréngen; e puer Helden hunn et awer fäerdegbruecht datt den Future Nostalgia scho komplett geleakt ginn ass, also huet d'Dua Lipa sech gezwonge gesinn de Release méi fréi ze maachen. Aus dem 2. Album kennt ee schonn Don't Start Now, Physical an zënter dëser Woch eventuell och Break My Heart. Inspiréiert huet sech d'Artistin mat albaneschen Originnen um Gwen Stefani, Madonna, Moloko an Outkast.

Wien déi 3. Staffel vun Tote Mädchen Lügen Nicht (13 Reasons Why) gesinn huet, huet mat Sécherheet och Teeth vu 5 Seconds of Summer héieren; d'Lidd ass um Soundtrack an um 4. Album vun der australescher Pop-Rock-Band. Schonn am Mee d'lescht Joer gouf eng éischt Single, Easier, ausgekoppelt. Bis den Album sollt awer nach bal e Joer vergoen, elo ass Calm awer prett a kënnt dëse Weekend an d'Regaler vun de Plackebutteker a wann alles klappt, geet et vum Mee un op d'No Shame Tour fir den Album Live ze presentéieren, No Shame heescht iwwregens eent vun den 12 Lidder op Calm.

Grunge, respektiv Rock, vu Seattle; do bleift net méi all ze vill iwwreg. 30 Joer ass den Eddie Vedder mat senger Band Pearl Jam well aktiv a mat Gigaton presentéieren d'Amerikaner hiren 11. Album. Dat ass dat éischt neit Material a 7 Joer, 2013 war Lightning Bolt mat de Lidder Sirens a Mind Your Manners erauskomm. Bei de Kritiker kënnt Gigaton gutt un, bis ewell goufen 3 Lidder ausgekoppelt Dance Of The Clairvoyants, zimmlech speziell, Superblood Wolfmoon, mat engem flotte Video a Quick Escape. Grunge gëtt et also nach ëmmer, an dat ass och gutt sou.