Nach eng Iddi wéi eng Sängerin 'Sax' viru 5 Joer gesongen huet? Wisou net e bësse Country an dëser Rubrik? An Chill-Out oder Down-Tempo ass bestëmmt och net sou verkéiert.

03/04/2020 Nei Musek fir de Weekend

Sax mat a net mat e; dat war d'Fleur East.Déi brittesch Sängerin / Rapperin war 2005 duerch d'Castingshow The X Factor an d'Girlgroup Addictiv Ladies déi éischte Kéier opgefall. Duerno huet sech d'Fleur, iwwregens och Dänzerin, Presentatrice um Radio a Fitness-Modell, op d'Solokarriär konzentréiert a fënnt 2014 nach eng Kéier de Wee bei The X Factor a kënnt op déi 2. Plaz. Den Debutalbum Love, Sax and Flashbacks kënnt e Joer méi spéit eraus. Elo ass also neit Material do, den 2. Album heescht Fearless.

Country geet et och ouni laange Baart; bei den Amerikaner ass dee Genre nach ëmmer eng grouss Nummer an den Nowuess léisst sech weisen. Ee vu villen Talenter lauschtert op den Numm Sam Hunt deen eréischt 35 Joer jonk ass an 2014 mat Montevallo en enorme Succès gefeiert huet. Haut, 6 Joer duerno, kënnt dann Album Nummer 2 Southside. Ganz vill Musek ass déi lescht 6 Joer net zesumme komm, muss näischt heeschen, 12 Lidder, dat sinn 39 Minutte Musek.

Bleiwen nach di Häre Rob Garza an Eric Hilton. Déi 2 maachen zënter 1995 ënnert dem Numm Thiervery Corporation Musek, an all där Zäit huet sech den Duo och méi wéi eng Kéier an de Grand-Duché, virun allem an d'Hollerecher Strooss verlaf. Hir Musek ass zimmlech komplizéiert ze beschreiwen; et beweegt ee sech am Elektronesche mat Aflëss vun Dub, Acid Jazz, Reggae, Hip Hop an ënner anerem och Bossa Nova. Den 10. Album vun der Thiervery Corporation heescht Symphonik.