Dënn ass et mat der neier Musek; pour cause. Jidderee weess jo wat lass ass. Mam Lady Gaga hätt een natierlech e gudden Ophänkert gehat, mä wéinst dem Coronavirus ass dee Release verluecht ginn. Dat gëllt awer net fir Die Happy an den Joe Satriani.

10/04/2020 Nei Musek fir de Weekend

Die Happy, d'Rockgrupp vun Ulm ronderëm hir Sängerin Marta Jandova, gëtt et elo scho 27 Joer, hat awer nach ni de Privileeg fir op enger éischter Plaz vun enger Hitparad ze stoen, wat absolut kee Critère soll sinn. De groussen Duerchbroch kënnt eréischt 8 Joer no hirer Grënnung mam 2001er Album Supersonic Speed deen et an d'Top 50 vun den däitschen Albumcharts gepackt hat. Déi héchst Placéierung gouf et 2 Joer duerno mam Album The Weight of The Circumstances op der 6. Plaz. Dat neiste Wierk, schonn den 12. Album vum Quartett kënnt matten an der Coronavirus-Kris eraus an heescht Guess What. Rocke kann Die Happy nach ëmmer.

Deen aneren neien Album dee mir dëse Weekend an d'Vitrinn stellen, ass vun enger Legend. De Mann huet ënner aneren Leit wéi Kirk Hammet, Metallica, an Tom Morello, Rage Against The Machine, d'Gittar spille geléiert. De Gittarist, Komponist, Songwriter an eben och Proff, den Joe Satriani presentéiert säi 17. Album Shapeshifting. Nieft senger Aarbecht als Solokënschtler ass den Joe och Member vun der Supergroup Chickentfoot, nieft him sinn do och nach de Sammy Hagar, Michael Anthony, allebéid Van Halen an den Chad Smith vun de Red Hot Chili Peppers aktiv. Wie frou mat instrumentalem Rock, Blues- respektiv Hard-Rock ass, huet säi Kaddo fir Ouschtere fonnt.