Musek vun de richteg bekannte Gruppen an Artiste sicht een den Ament ouni Erfolleg. Dat mécht natierlech Plaz fir Albumen déi soss eventuell net an d'Vitrinn gestallt ginn. Dann ass et dës Woch un enger amerikanescher Rockband an engem Soundtrack vun enger Netflix-Serie.

24/04/2020 Nei Musek fir de Weekend

Déi amerikanesch Rockband huet den dach méi speziellen Numm Awolnation. Dat kann um Frontmann vun der Grupp, dat ass den Aaron Bruno, leien; dee war nämlech virdrun a Gruppe mat Nimm wéi Under The Influence Of Giants oder Insurgence. Dat bekanntste Stéck vun Awolnation dierft Sail vun hirer Debut-Ep sinn. D'Grupp vu Los Angeles ass elo an hirem 11. Joer a mat Angel Miners & the Lightning Riders ass een elo scho beim 4. Album. Zënter November d'lescht Joer gëtt Reklamm fir déi nei Plack gemaach, dat mat Stécker wéi The Best, California Halo Blue a Mayday!!! Fiesta Fever, do huet iwwregens ee vun Edward Sharpe & The Magnetic Zeros matgewierkt. Dem Sänger Aaron Bruno no sinn d'Lidder u ganz schwieregen Erliefnisser inspiréiert.

D'Netflix-Serie, där hire Soundtrack dës Woch erauskënnt, heescht Sex Education. Wien d'Serie nach net gekuckt huet; et geet ëm d'Sextherapeutin Jean Milburn an hire Bouf Otis Milburn deen éischter schei an zeréckhalend ass an, grad wéi seng Mamm, awer ouni dat geléiert ze hunn, a senger Schoul de Schüler bei Problemer mam Geschlechtsverkéier hëlleft. Bei Soundtrack kënnt engem séier eng Lëscht vu verschiddene Kënschtler an de Kapp. Ass bei Sex Education awer net de Fall. Dorëms huet sech den Ezra Furman gekëmmert, wat duerchaus keen Zoufall ass. Et ass nämlech den Ezra awer och d'Ezra. Hien, respektiv Hatt, gesäit sech als Transsexuell an oder Bisexuell. Dat wier mol gekläert. Fir de Soundtrack vu Sex Education huet d'Ezra sech u fréiere Lidder zerwéiert an awer och nei Stécker geschriwwen. Wien den Ezra gesi wëll, kann Episod 7 vun der éischter Staffel kucken, do ass e Concert ze gesinn. Misst jidderengem gefalen dee frou mat Art, respektiv Alternative Pop a Singer/Songwriter ass.