Bei Country scheede sech d'Geeschter. E groussen Deel vun den Amerikaner flippt op dee Genre, ma och hei an Europa gëtt et eng intressant Country-Zeen. Zu de ganz groussen Nimm aus deem Beräich zielt och de Kenny Chesney deen dëse Weekend säin 19. Album op de Marché bréngt.

01052020 Nei Musek fir de Weekend

De 26. Mäerz 1968 kënnt de Kenneth Arnold Chesney zu Knoxville, Tennessee, op d'Welt, de Papp e Schoulmeeschter, d'Mamm eng Coiffeuse. De Kenny mécht schéi brav seng Schoul a schléisst d'Uni 1990 of, hien huet Advertising studéiert. Seng éischt Gittar krut de Kenny Chesney iergendwann eng Kéier fir Chrëschtdag a mat där hëlt hien zu Bristol, Virginia, en Demo-Album op. Eng 1.000 där Albume kann de Kenny wärend senge Concerte verkafen, mat de Sue beschaaft hie sech eng nei Gittar. 1992 kënnt den éischte Plackekontrakt, 1994 den Debutalbum In My Wildest Dreams.

26 Joer méi spéit ass de Kenny Chesney bei sengem 19. Album, Here And Now, ukomm; dotëscht leien eng helle Wull Awards, Nummer 1. Albumen a Gold- grad ewéi och Platinauszeechnungen. A punkto Lidder kann de Kenny ganzer 30 Nummer 1-Hits zielen, dat virun allem an den amerikanesche Country-Charts, ma och an der Hitparad, wou all Genrë vertruede sinn, fënnt een net manner wéi 26 Lidder an der Top 40. Do sollt et bis elo nach net fir eng éischt Plaz duergoen, Out Last Night op der 16. Plaz war 2009 déi héchste Placéierung fir de Kenny Chesney an de Billboard Hot 100.

2 Joer no sengem leschten Album Songs For The Saints presentéiert de Country-Museker ganzer 12 Lidder, dorënner Tip Of My Tongue, den Titelsong Here And Now an d'Lidd We Do. Déi Lidder huet de Kenny Chesney net all selwer geschriwwen; fir Here And Now wollt hie seng Liblingssongwriter zesummebréngen a well nach net all ze vill vun der Plack gewosst ass, kann een de Moment och nëmmen den Ed Sheeran, David Garcia, Ross Copperman, Craig Wiseman an David Lee Murphy opzielen déi op der 19. Plack matgewierkt hunn. Zentraalt Thema vun Here And Now; wéi verschidden d'Mënschen op der Welt sinn, a sech awer esou vill gläichen.

Den neien Album vum Kenny Chesney - Here And Now ass zënter gëschter disponibel; villäicht ass et jo eng Geleeënheet fir de Country z'entdecken.