Deconfinement och sou lues awer sécher an der Museksindustrie. Dës Woch kënnt de Solo-Debut vun der Paramore-Sängerin Hayley Williams eraus, den Nico Santos mat sengem 2. Album an 3 Doors Down feieren 20 Joer The Better Life. Wësst dir wat? Mir feiere mat.

07/05/2020 Nei Musek fir de Weekend

Fir d'éischt awer mol dat neit Geschier fir an den MP3-Player. D'Hayley Williams kennt ee virun allem an der Roll vun der energescher Frontfra vun der amerikanescher Rockband Paramore déi et an hirer 16 Joer laanger Karriär op ganzer 5 Albume gepackt huet. Elo ass d'Hayley Solo ënnerwee, net fir d'éischt well et ginn eenzel Lidder déi ouni Paramore entstane sinn, dorënner och e Feature beim B.o.b.-Titel Airplanes. Petals For Armor ass den Debut gedeeft, entstanen wärend der Auszäit vu Paramore an no der leschter Tour fir de 5. Paramore-Album After Laughter. Eent kann elo scho soen; d'Solo-Material huet net all ze vill mat der Musek vu Paramore ze dinn.

Den Nico Wellenbrink kennt ee besser ënnert dem Kënschtlernumm Nico Santos. Nieft senger eegener Musek ass hien och fir deen een oder aneren Hit vun aneren däitsche Kënschtler matresponsabel, zum Beispill ass hie Co-Auteur vu Wir Sind Gross vum Mark Forster an Achterbahn vum Helene Fischer. Säin 2. Album heescht ganz einfach wéi de Kënschtler selwer, Nico Santos (ganz richteg). E puer vun de Lidder vun där 2. Plack si scho bekannt; dat wier d'Kollaboratioun mam Lena - Better a Play With Fire. Pop géint deen et net wierklech eppes soe kann.

An da feiere mir nach 20 Joer The Better Life vun der amerikanescher Rockgrupp 3 Doors Down. Dat war nämlech och den Ophänkert fir d'Tour vum Brad Arnold a senger Grupp dëst Joer, de 15. Juni hätt dir Rendezvous mat hinnen am Atelier gehat. The Better Life war am Joer 2000 den Debutalbum vun 3 Doors Down an och direkt den internationalen Duerchbroch dat virun allem duerch d'Lidder Kryptonite a Be Like That, dat gouf iwwregens mat engem liicht adaptéierten Text am American Pie 2 agesat. Weltwäit huet sech The Better Life iwwer 6 Millioune mol verkaaft, Gold respektiv Platin gouf et ënner anerem an Australien, Kanada, Neiséiland an natierlech an der Heemecht USA.