Elektropop aus Finnland, Country aus Holland an e Singer/Songwriter aus Australien. Wann een dat sou betruecht, misst eigentlech dëse Weekend fir jiddereen eppes dobäi sinn.

15/05/2020 Nei Musek fir de Weekend

Beim Alma kann ee roueg soen, "endlech" ass den Debutalbum do. Bis ewell si vum finneschen Talent mat de faarwegen Hoer, sou à la Billie Eilish, nëmme Singlen an EPen erauskomm, dorënner Hits wéi Chasing Highs, Dye My Hair an d'Kollaboratiounen Bonfire zesumme mam Felix Jaehn an All Stars mam Martin Solveig. Have You Seen Her? heescht den éischte richtegen Album dee mat der Hëllef vun, ënner anerem, Justin Tranter entstanen ass, deen Justin Tranter huet scho mam Ariana Grande a Selena Gomez geschafft. Aner Produzente um Album hu scho mat Gréisste wéi Lady Gaga, Bruno Mars, Ava Max an Take That Hits opgeholl. Am Resumé; d'Zeeche stinn op Erfolleg fir den Debutalbum vum Alma; et kéint een och nach niewebäi bemierken datt d'Alma scho Lidder fir d'Miley Cyrus, d'Ariana Grande an d'Lindsay Lohan geschriwwen huet.

Wie reegelméisseg Sing meinen Song op Vox kuckt, zemools déi aktuell Staffel, weess eppes mam Numm Ilse DeLange unzefänken. Déi hollännesch Sängerin ass déi Kéier beim Tauschkonzert dobäi a beim Peter Maffay sengem MTV-Unplugged-Concert huet d'Ilse och matgesongen. D'Sängerin ass an der Heemecht Holland schonn e bësse méi laang bekannt, ganzer 9 Albume ginn et nämlech an zesumme mam Waylon, en hollännesche Sänger, stoung d'Ilse ënnert dem Numm The Common Linnets op der 2. Plaz vum Eurovision Song Contest zu Kopenhagen, dat war dat Joer wou d'Conchita Wurst gewonnen hat. D'Ilse Delange ass am Country doheem an huet den Debutalbum World of Hurt och zu Nashville opgeholl. Elo ass da souzesoen den 10. Album, Changes do, eventuell gëtt d'Plack duerch Sing meinen Song och e Succès an Däitschland.

Bleift nach de Singer/Songwriter aus Australien. Allerdéngs stëmmt dat net zu 100 Prozent; de Scott Matthew ass wuel an Australien, zu Queensland, op d'Welt komm, lieft a schafft awer elo zu New York, deemno iergendwéi dann och en amerikanesche Lidderschreiwer. De Scott huet scho viru gutt 15 Joer mat der Musek ugefaangen, deemools nach ënnert dem Numm Elva Snow. Duerno war hien an diversen Anime-Serien ze héieren an um 2011er Album Wir sind am Leben vu Rosenstolz huet een e Feature beim Lidd Beautiful. Nieft sengem Talent als Sänger, weess de Scott Matthew och mat senger Gittar, souguer der Ukulele, z'iwwerzeegen. Déi fonkelnei Plack nennt sech Adorned.