D'Museksindustrie mécht zwar net onbedéngt d'Bréck haut, ma et ass erëm däitlech méi roueg mat neiem Material. Duerfir nëmmen 2 nei Albume fir dëse Weekend, deen een aus Däitschland, deen aneren aus Groussbritannien.

22/05/2020 Nei Musek fir de Weekend

The 1975 ginn et elo 18 Joer, also ass hir d'Grënnungsjoer NET 1975. De Matthew Healy, Adam Hann, Ross MacDonald an George Daniel maache e Mix aus New Wave, Indie-Pop-Rock an Electropop a verlafe sech reegelméisseg an den Charts, zum Beispill mat Lidder wéi Chocolate an The Sound. Fir den neien Album vun The 1975 gëtt et elo eng Grëtz méi komplizéiert; eigentlech ass Notes On A Conditional Form de 4. Album vun der brittescher Band. Geet et der Grupp no ass déi nei Plack den 2. Album vum Zyklus, se schwätzen och vun enger Ära, Music For Cars. Deen éischten Album vun dem Zyklus, eigentlech den 3. Album, heescht A Brief Inquiry Into Online Relationships an ass virun 2 Joer erauskomm. Déi nei Musek vun The 1975 ass schonn zënter August d'lescht Joer am Ëmlaf, deemools ass d'Lidd People als éischt Single erauskomm. An Tëschenzäit goufe ganzer 7 Lidder ausgekoppelt, déi aner 15, jo en Total vun 22 Lidder, kënnt dir vun elo un entdecken.

Vu Karlsruhe ass de Laith Sascha Al-Deen. Den däitsche Sänger kenne mir duerch Lidder wéi Bilder Von Dir, Dein Lied oder och nach Alles An Dir. 2000 huet seng musikalesch Karriär mam Album Ich will nur wissen ugefaangen, 2004 gouf et deen éischten Nummer 1.-Album an Däitschland a bis haut sinn net manner wéi 9 Placke vum Sänger mat der déiwer Stëmm erauskomm. Wien dann elo fläisseg nogelauschtert huet, weess dann och datt Kein Tag umsonst schonn den 10. Album vum Laith Al-Deen ass. A punkto däitsch Soul-Stëmme gehéiert de Laith nach ëmmer zu de Beschten, dat huet sech och an de leschten 20 Joer net geännert. De roude Fuedem op Kein Tag umsonst ass d'Léift, mol e bësse kitscheg, mol poppeg, mol emotional. Laith Al-Deen quoi.