En Unplugged-Concert vun engem Enfant terrible aus der brittescher Musekszeen, eng iresch Band déi am Ufank vun hirer Karriär nach 21 Demands geheescht huet an d'Duechter vum Ravi Shankar mat engem 8. Album. Et muss ee jo net ëmmer mat der Dier an d'Haus falen.

12/06/2020 Nei Musek fir de Weekend

Maache mir et haut dem Alphabet no. K wéi Kodaline. Déi iresch Band ass 2005 gegrënnt ginn an huet déi éischt 7 Joer vun hirer Existenz 21 Demands geheescht. Allerdéngs ass ënnert deem Numm keen Album entstanen, déi éischt EP hat den Titel The Kodaline EP an ass am September 2012 offiziell erauskomm, d'Lidd All I Want hat et an d'Serie Grey's Anatomy gepackt, e Joer méi spéit ass dunn den éischten Album In A Perfect World publizéiert ginn. Firwat se hiren Numm gewiesselt hunn? Eegenen Aussoen no, war et fir de Wiessel vun hirer Musek ze markéieren. 7 Joer nom éischten an 2 Joer nom leschten Album presentéiere Kodaline dann elo hire 4. Album One Day At A Time ënner anerem mat der Single Saving Grace fir deen d'Grupp e ganz spezielle Video realiséiert huet; Saving Grace ass e Lidd dat un deen een, richtegen, Liblingsmënsch geriicht ass, deen dat ganzt Liewe fir een do ass an een ni verléisst. D'Grupp huet d'Fans un der Realisatioun deelhuele gelooss. D'Leit waren opgefuerdert dat neit Lidd Saving Grace ze sangen a sech dobäi ze filmen.

Brittescht Enfant terrible. Hmh? Do ginn et direkt e puer Méiglechkeeten, mam Stéchwuert Oasis lant een dann awer séier bei de Bridder Gallagher. De William John Paul kuerz Liam hat virun net all ze laanger Zäit en MTV Unplugged Concert zu Hull am United Kingdom gespillt. Do an der City Hall huet de Mann deen ëmmer e Parka unhuet natierlech och Stécker vun Oasis gespillt, ënner anerem Some Might Say an Champagne Supernova, dobäi ass hie vum Oasis-Gittarist Bonhead begleet ginn. Den Album sollt eigentlech schonn am Abrëll erauskommen, aus de bekannten Ëmstänn, ass d'Plack dann eréischt vun dësem Weekend un ze kréien. Am ganzen huet de Liam Gallagher bei 10 Lidder de Stecker gezu kritt.

Bleift nach d'Meedche vum Ravi Shankar. Beim Numm Norah Jones misst et da Klick maachen; déi amerikanesch Singer/Songwriterin huet weltwäit iwwer 50 Milliounen Albume verkaaft, bal d'Hallschent an der Heemecht. Déi Mëschung aus Jazz a Pop ass dann och um 8. Album Pick Me Up Off The Floor de roude Fuedem, d'Plack këmmt um legendäre Label Blue Note eraus. Dobäi war et der 41 Joer aler Artistin eigentlech net no engem neien Album oder enger Tour, ënner anerem well d'Kanner nach ze kleng, a virun allem ze wichteg sinn. Aus spontane Sessioune mat Kolleegen doheem si Lidder entstanen an dorausser en Album, alles net geplangt. D'Devise vu Pick Me Up Off The Floor; sech net an dëser komescher Zäit den donkele Säiten z'erginn, mä déi gutt Säiten ze betounen.

A wie Loscht huet d'Videoe vun der neier Musek ze kucken; dir fannt se op radio.rtl.lu. (wann dir wëllt kënnt dir Saving Grace vu Kodaline hannendru spillen)