Alles gesate Museker an dëser Rubrik dëse Weekend. Et ass den 39. Album vum Bob Dylan, de 7. Album vum Jason Mraz an den John Legend kënnt vun elo un op 6 Studioalbumen.

19/06/2020 Nei Musek fir de Weekend

Rough and Rowdy Ways heescht dat neiste Wierk vum Bob Dylan. Den haut 79 Joer ale Singer/Songwriter huet fir seng nei Musek ganzer 8 Joer vergoe gelooss, den Album virdrun, Tempest, war 2012 erauskomm, duerno koum zwar nach eng Album-Trilogie eraus, allerdéngs waren do keng Eegekompositiounen drop. Déi nei Musek vum Robert Allen Zimmerman kënnt e bëssen aus dem Näischt; de 27. Mäerz gouf Murder Most Foul ausgekoppelt, ouni dat groussaarteg unzekënnegen a mam Release vun der 3. Single False Prophet, dertëscht war et nach d'Lidd I Contain Multitudes, gouf déi 39. Plack vum Bob Dylan eréischt virun engem décke Mount offiziell annoncéiert.

Zimmlech d'selwecht iwwerraschend kënnt dëse Weekend dann och dat neit Material vum Jason Mraz eraus. De Mann mat 2 Grammyen doheem dediéiert déi nei Plack Look For The Good senger grousser Léift, de Reggae. 2 Joer nom Album Know ass déi nei Musek vum Jason de perfekte Soundtrack fir de Summer vun dësem Joer. De Message vu Look For The Good ass weider net komplizéiert; och a schwéieren Zäite soll ee positiv bleiwen an dat Gutt gesinn. Vu datt de 7. Album wärend der Corona-Pandemie finaliséiert ginn ass, gouf d'Musek am eegene Studio a Südkalifornien geschriwwen an opgeholl.

Beim John Legend ass et da schonn de 6. Album. No sengem Chrëschtdagsalbum vu virun 2 Joer këmmert sech den John erëm ëm dat wat en am Beschte kann; Lidder fir d'Schlofzëmmer, hie selwer seet datt Bigger Love säi bis elo "sexiesten" Album wier. Passt jo dann och iergendwéi an dës quokeleg Zäit, beim Jimmy Fallon huet den John gemengt datt déi nei Lidder bei der Isolatioun Wonner wierken zum Beispill fir Corona-Bëbeeën ze maachen oder wann een einfach nëmmen Zäit mam Partner verbrénge wëll. Den John Legend ass jo mat där Matière vertraut, säin Hit All Of Me zielt jo zu de beléifsten Hochzäitslidder. Dat Eenzegt wat um Album feelt si seng politesch Usiichten, wat Schued ass, den John huet nämlech vill ze zielen. D'Kritik un der amerikanescher Regierung wéi déi mam Coronavirus ëmgaangen ass a säin Asaz am Kader vun den George Floyd-Demonstratiounen.