Ausnamsweis nëmmen een Album dëse Weekend, duerfir awer een deen, nach ier en iwwerhaapt offiziell ugekënnegt war, vun direkt e puer Plattformen op d'Lëscht vun de meeschterwaarten Albume vun dësem Joer gesat ginn ass.

26/06/2020 Nei Musek fir de Weekend

D'Grupp nennt sech Haim, H a i m, et sinn dat d'Schwësteren Este, Danielle an Alana Haim vu Los Angeles déi hiren Trio virun 13 Joer gegrënnt hunn. An deenen 13 Joer si bis ewell 2 Albumen erauskomm, Days Are Gone 2013 a virun 3 Joer Something To Tell You. Déi 3. Plack sollt eigentlech schonn am Abrëll dëst Joer erauskomm, ma grad ewéi d'Lady Gaga an nach vill aner Kënschtler huet och dëse Release ënnert der Pandemie gelidden.

Bis haut hunn déi 3 Schwëstere 6 Lidder aus Women In Music Part III ausgekoppelt, am ganze sinn 13 Lidder, plus 3 Bonuslidder, op der Plack ze fannen. Schonn am Summer d'lescht Joer ass mat Summer Girl eng éischt Single erauskomm, haut ass d'Lidd als Bonustitel gelëscht, dat selwecht gëllt fir d'Lidder Now I'm In It an Hallelujah.

Fir de Fall datt iergendeen op d'Iddi kënnt Haim als Girlband ze bezeechnen, muss domat rechnen datt déi 3 Schwësteren dat net immens gutt fannen. Wann een déi eenzel Lidder vun Haim héiert, mengt een zwar et wier eng weider amerikanesch Pop-Grupp, ma op hire Concerte weise se sech d'Este, d'Danielle an d'Alana vun hirer rockeger Säit. Eng vu villen Inspiratiounsquelle vun Haim ass d'Beyoncé an esou gëtt hinnen nogesot se géingen et fäerdegbréngen R&B mam Soft-Rock aus de 70er ze kombinéieren.