E Lyriker, Poet a Museker dee vegan lieft a meeschtens buerféiss ënnerwee ass, an e 87 Joer ale Schauspiller, Aktivist an natierlech och Museker, soss hätt en hei näischt verluer, dee säi 70. Album opgeholl gëtt.

03/07/2020 Nei Musek fir de Weekend

Alter viru Schéinheet; am Abrëll ass de Willie Nelson 87 Joer jonk ginn. Den Amerikaner ass nach ëmmer ganz äerdeg an ass mat First Rose of Spring elo bei sengem 70. Album ukomm, net 17 mä 70. Sou wéi ganz vill aner Artisten och hat de Willie a Legacy Recordings eigentlech wëlles den Album schonn am Abrëll ënnert d'Leit ze bréngen, et brauch ee jo net méi ze drop anzegoen datt och hei e Virus e Stréch duerch d'Rechnung gemaach huet. Produzéiert goufen déi 11 Stécker First Rose of Spring, jo am Fréijoer hätt den Albumtitel nach méi Sënn gemaach, vum Buddy Cannon deen och 2 Lidder zesumme mam Willie Nelson geschriwwen huet. De Rescht si Kompositioune vun aner Gréissten aus dem Country-Business, déi bekanntsten Nimm si Chris Stapleton an Toby Keith. Dat lescht Lidd op der Plack ass eng Coverversioun vum Charles Aznavour-Titel Hier encore, heescht beim Willie Nelson dann elo Yesterday When I Was Young.

De Michael Franti huet nach e bëssen Aarbecht wann en op 70 Albume komme wëll, Work Hard & Be Nice ass "eréischt" den 11. Album. Op déi aner Manéier huet de Rapper, Museker, Poet, Aktivist, Lyriker a Singer/Songwriter vun Oakland awer och 33 Joer manner um Compteur. Dat gekläert, de Michael Franti huet ëmmer nees Theme wéi Aarmut, Justiz, Ernärung a Weltfridden als Ophänkert fir seng Texter. Dacks si seng Stécker eng Mëschung aus Gedicht mat klenge Soundeinlage woubäi hie sech am léifste bei Hip-Hop, Reggae, Funk, Folk awer och Rock zerwéiert. Nieft senger Musek fält de Michael Franti doduerch op datt hien zënter 20 Joer quasi ëmmer buerféiss leeft, ausser wann hien an e Restaurant geet oder de Fliger hëlt, dann deet de Michael Franti Flip-Flopen un. Dir mierkt; e ganz relaxe Kärel, beim Album Work Hard & Be Nice kënnt sécher kee Stress op.