Nei Musek vun de richteg groussen Nummeren aus dem Business muss een och dës Woch mat der Lupp sichen. Dat mécht alt erëm Plaz fir Kënschtler virzestellen déi een net direkt op der Rechnung hat. Do wier zum Beispill déi fréier Partnerin vun der Actrice Kristen Stewart an eng amerikanesch Rockgrupp déi ënner anerem och Country drop huet.

10/07/2020 Nei Musek fir de Weekend

Dat mam Kristen Stewart, d'Bella aus Twilight, ass séier gekläert. Et geet ëm d'Stéphanie Alexandra Mina Sokolinski. Wien? D'Soko. Do gouf et 2007 den Hit I'll Kill Her. D'Stéphanie ass a senger Heemecht awer net nëmme wéinst der Musek bekannt, als Actrice gesäit een d'Soko zënter 2002 och reegelméisseg op der Tëlee an am Kino, 2010 an 2017 war d'Soko fir en César nominéiert. D'Musek vum Soko verleeft sech am Indie-Rock-Folk-Pop an zesumme mam Jean-Louis Aubert vun Téléphone entsteet 2007 d'Debut-EP, mat eben och I'll Kill Her drop. En éischten Album kënnt 2011 eraus a mat Feel Feelings ass dem Soko seng 3. Plack elo do. Eng Grëtz manner minimalistesch wéi deemools I'll Kill Her, duerfir eng gutt Portioun méi poppeg a verdreemt.

Mat The Jayhawks verloosse mir da Frankräich a landen am US-Bundesstaat Minnesota wou 1985 d'Grupp gegrënnt ginn ass. No 20 Joer war du Schluss, 2009 huet ee sech fir 3 Joer erëm zesummegedoen an zënter elo 6 Joer geet d'Geschicht vun The Jayhawks weider. Mat all deenen Ënnerbriechunge packt et d'Grupp ronderëm de Gary Louis a Mark Olson op 11 Albumen, XOXO kënnt dëse Weekend eraus. Mat Ëmäerblungen a Kussen, XOXO steet jo fir Hugs and Kisses, beweisen déi 5 Amerikaner datt hire Mix aus Alternative Country, Country Rock an Alternative Rock nach ëmmer funktionéiert. Wien eppes mat der Musek vum Elvis Costello, de Counting Crows oder R.e.m. unzefänke weess, ass hei un der richteger Adress.