D'Roxanne, de Bruno an de Yannick stinn e Samschdeg an der Finale vun Generation Art, déi um 18h30 aus de Rotondes op RTL Tëlee Lëtzebuerg iwwerdroe gëtt.

Déi dräi Finalisten hunn eng Expo an de Rotondes gewonnen. Den Challenge ass dës Kéier fir eng ganz Expo op d’Been ze setzen zum Thema "Luucht", mat enger vertikaler Foto vu 4 op 3 Meter an der Rotondes 2, enger horizontaler Foto an der selwechter Dimensiounen an der Rotondes 1 an engem Moodboard, enger Zort Recherchemauer, wou si de Wee bis bei déi fäerdeg Foto erklären.

Wéi gesinn déi dräi Finalisten dës Finale a wat rechnen si sech fir Chancen aus? Dat hu mir d'Kandidate vun Generation Art gefrot.

Freides-Invité: Generation Art

"De Freides-Invité": All Freideg an der Mëttesstonn vun 12 bis 13 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu (Audio a Video). An duerno och am Replay op RTL.lu (Audio a Video).