Dëse Weekend ass de Festival Elsy Jacobs. Mat dobäi ass d'Chantal Hoffmann, déi Semi-Professionell am Peloton mat der Equipe Lotto-Soudal ënnerwee ass.
Vun e Freideg bis e Sonndeg ass de Festival Elsy Jacobs. Bei dëser internationaler Dammecourse, hunn sech nees mat déi bescht Cyclistinnen op der Welt Rendez-Vous hei am Grand-Duché ginn. Mat dobäi sinn och 8 Lëtzebuergerinnen. Eng dovun ass d'Chantal Hoffmann, déi Semi-Professionell am Peloton mat der Equipe Lotto-Soudal ënnerwee ass, an de Mëtteg um 13.30 Auer bei eis am Radio Sport-Club war.
Ganz professionell hire Sport ze maachen ass aus finanzieller Siicht, wann een net zu den Top-Athleten a senger Sportaart gehéiert, quasi net méiglech. Am Géigesaz zu den Häre gëtt et bei den Damme kee Mindestloun fir Proficyclistinnen. Et gëtt den Ament dru geschafft, mä et ass net einfach, well verschidden Equippen net déi néideg finanziell Mëttelen hunn, sou d'Chantal Hoffmann.
D'Chantal Hoffmann huet Kiné studéiert a verdéngt dann och iwwert dee Wee hiert Brout. Si schafft Plus-Minus 20 Stonnen an der Woch an de Rescht vun der Zäit geet fir den Training drop. Hire Schaffplang ass dann och un den Training an d'Coursen ugepasst. Ouni d'Versteesdemech vun hirer Cheffin wär dat Ganzt awer net méiglech, sou d'Lëtzebuergerin.
Wat de Stellewäert vum Dammecyclissem ugeet, ass nach genuch Loft no uewen, esou d'Chantal Hoffmann, déi och op den Olympeschen Spiller de leschte Summer zu Rio dobäi war.
De Glen Leven, Liewenspartner vum Chantal Hoffmann an Mecanicien bei den Häre vun der World Tour Equipe Trek, deen als Iwwerraschungsgaascht am Radio Sport Club bäigeschalt war, huet seng Preferenz, fir d'Damme-Coursen. Déi wäre nämlech méi interessant wéi d'Härecoursen, well do gëtt et dacks eréischt op de leschten 30 Kilometer interessant a bei den Dammen ass d'Course vum Depart ewech voll lancéiert, sou de Glen Leven.
D'Elitesportsektioun vun der Arméi war keng Optioun fir d'Chantal Hoffmann. De Studium fir Kiné ze ginn, hat Prioritéit. E weidere Beweis deemno dofir, wéi wichteg et wär eng zivil Struktur ze hunn, fir datt Top-Athleten hei am Land sozial ofgeséchert sinn, wann si net vun hirem Sport liewe kënnen.
Radio-Sport-Club: all freides vun 13h30 bis 14h op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu. Duerno am Replay op RTL.lu (Video an Audio).