Viru 6 Joer huet se mat "Cello Tales" en éischte Film gedréint, an deem e Museksinstrument am Mëttelpunkt stoung.

Well d'Musek eng Passioun fir se ass, paakt d'Anne Schiltz nach ëmmer gär an hiren Dokumentarfilmer dat Thema un. Den Ament ass et souzesoen e Making-of vun enger CD-Produktioun, bei där Wierker vun der Escher Komponistin Helen Buchholtz opgeholl goufen, déi Ufank vum 20. Joerhonnert geschriwwen huet an där hir Wierker laang verschwonne waren.

Iwwer "Im Dialog mit Helen Buchholtz", awer och iwwer hir aner aktuell Aarbechten huet d'Anne Schiltz en Donneschdeg tëscht 12 an 13 Auer op Radio Lëtzebuerg mam Christiane Kremer geschwat.

AUDIO: Am Gespreich mam Anne Schiltz

D'Emissioun "Am Gespréich ..." vu méindes bis freides tëscht 12 an 13 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou duerno och de Replay (Audio a Video) ze fannen ass.