Bijoue sinn d'Passioun vum Créateur Claude Schmitz.

Metall a Steng si säi Material, mat deem e säit Joren seng zäitgenëssesch Kreatioune realiséiert: vum Rank, iwwer de Collier, de Bracelet bis bei d'Broche. Lescht Joer ass de Claude Schmitz dofir bei der Ausstellung "De Mains de maître" mam Haaptpräis ausgezeechent ginn. An hie gehéiert och zu deene Kënschtler, déi nächst Woch um Salon "Révélations" am Grand Palais zu Paräis derbäi sinn. Am Gepréich erzielt hien haut iwwer seng Aarbecht a seng Inspiratioun.

AUDIO: Am Gespréich: Claude Schmitz

D'Emissioun "Am Gespréich ..." vu méindes bis freides tëscht 12 an 13 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou duerno och de Replay (Audio a Video) ze fannen ass.