D'Jugendcoach a Gérante vu 'Youth and Work' war eis Invitée. Si huet d'Method erkläert mat där geschafft gëtt an d'Konzept wat derhannert stécht.

'Youth and Work' huet, ewéi de Numm et scho seet, mat jonke Leit an der Aarbechtswelt ze dinn. Leit tëscht 16 a 29 Joer kënne sech mat engem 1:1 Coaching hëllefe loossen fir eng Aarbecht ze fannen. Et ass déi eenzeg Organisatioun hei am Land déi mat jonken Aarbechtslosen zesummeschafft andeems se déi perséinlech Entwécklung grad ewéi déi berufflech Integratioun fërdert. Individuell Berodung gëtt grouss geschriwwen an de Problem ass méi komplex ewéi ee kéint unhuelen.

AUDIO: Am Gespréich: Ariane Toepfer

D'Emissioun "Am Gespréich ..." vu méindes bis freides tëscht 12 an 13 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou duerno och de Replay (Audio a Video) ze fannen ass.