De Weltbuttek zu Beetebuerg feiert seng 25 Joer.

1993 huet e seng Dieren an der Munnerefer Strooss opgemaach. D'Fernande Schaack huet eis erzielt wéi deemools alles ugefaangen hat, mat der ONG 'Chiles Kinder'.

AUDIO: Am Gespréich: Fernande Schaack

Am Weltbuttek gëtt Kaffi, Téi a Schockela verkaf, awer och Schalen, Poschen, Spillsaachen an Instrumenter aus Latäinamerika, Asien an Afrika. D'Suen déi erakommen si fir de gudden Zweck a garantéieren de Produzenten op der Plaz e gerechte Loun. Donieftgoufe mer gewuer wéi d'Feierlechkeeten am Kader vum 25te Gebuertsdag vum Weltbuttek zu Beetebuerg ausgesinn.

D'Emissioun "Am Gespréich ..." vu méindes bis freides tëscht 12 an 13 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou duerno och de Replay (Audio a Video) ze fannen ass.