Wann et ëm Antiquitéiten, Tableauen, Skulpturen a Faïence geet, kennt eisen Invité sech aus. Hien ass agrééierten Expert fir Konschtobjeten.

Den Norbert Bück war awer net ëmmer Expert um Geriicht a fir Assurancen, säin aktuelle Beruff ass duerch seng Passioun fir schéin Objeten entstanen- ganz am Ufank war hie Professer. Haut féiert hien zesumme mat senger Fra en Expertise-Büro an eng Galerie zu Miersch, déi aus dem Pleséier eraus entstanen ass.

'Am Gespréich' goufe mer gewuer wéi ee sech am Dschungel vun den Objets d'Art erëm fënnt, Der hutt héieren wéi een e gudden Antiquaire erkennt a wourunner et läit dass Biller vu verschiddenen ale Lëtzebuerger Moler immens am Präis gefall sinn.

AUDIO: Am Gespréich: Norbert Bück

D'Emissioun "Am Gespréich ..." vu méindes bis freides tëscht 12 an 13 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou duerno och de Replay (Audio a Video) ze fannen ass.