Zënter dem 1. Mäerz 2018 Joer ass d'Carole Lorang Direktesch vum Escher Theater.

Elo lancéiert si hiert Haus an engem neien Dekor. Dobäi geet et net reng ëm d'Gebai oder d'Bühn, mä direkt ëm déi ganz Philosophie vum Haus op der Escher Brillplaz. Et gëtt direkt op e puer Pläng innovéiert: an der Kommunikatioun mat engem eegenen Internet-Site an engem neie Logo. An natierlech och an der Ausriichtung vum Theater, nieft dem kulturelle Programm ass dat och méi eng sozial Approche. Jiddereen ass am Theater wëllkomm, sou déi fréier Regisseurin.
Wéi se dat wëll maachen a wat d'Highlights vun hirer éischter eegener Saison am Escher Theater ass, dat erzielt se de Mëtteg tëscht 12 an 1 am Gespréich.

Den neien Internet-Site vum Escher Theater 

D'Emissioun "Am Gespréich ..." vu méindes bis freides tëscht 12 an 13 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou duerno och de Replay (Audio a Video) ze fannen ass.