Eng Stëmm, déi mir gutt vum Radio an och der Televisioun kennen, war um Dënschdeg eis Invitée tëscht 12 an 1 Auer!

Mä fir elo just bei deenen Beschreiwungen ze bleiwen, géif dëser Damm net gerecht ginn. Si ass Autorin, Animatrice, Televisiouns-Produzentin, Kommunikatiounsexpertin an och Dozentin op Héichschoulen. Bei eis war d'Bibi Wintersdorf, déi sech an der leschter Zäit och en Numm als Editrice gemaach huet, fir hire bescht bekannte Magasinn ''Kachen'' an elo och ganz rezent hiren neie Magasinn ''Reesen''. Mir krute vill ze schnëssen, an natierlech léiere mer de Privatmënsch Bibi Wintersdorf och besser kennen.

Audio Am Gespréich Bibi Wintersdorf

D'Emissioun "Am Gespréich ..." vu méindes bis freides tëscht 12 an 13 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou duerno och de Replay (Audio a Video) ze fannen ass.