E Mann en Numm! Dat ass en Numm, dee sech gutt apräägt. Mä net just den Numm vergësst een net, och de Mann derhannert hannerléisst Impressiounen.

Impressioun konnt hien och zu Las Vegas maachen, well genee dohinner hat dem Lëtzebuerger Illusionist säi Wee gefouert. Wéi war dat gaangen fir dohinner ze kommen? Wat huet den David do erlieft? Mir erënneren eis och un d'Ufäng a kucken no vir. E stramme Programm läit virun eis, bei deem mir vill gewuer ginn.

AUDIO: 17/06/2019 Am Gespréich David Goldrake

D'Emissioun "Am Gespréich ..." vu méindes bis freides tëscht 12 an 13 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou duerno och de Replay (Audio a Video) ze fannen ass.