Eis Invitée war d'Vizepresidentin an d'Trésorière vun 'Hoffnung fir d'Kanner vun Tschernobyl'.

An der Nuecht vum 25. op de 26. Abrëll 1986 koum et no engem Test zu engem Super-Gau am Atomkraaftwierk, an d'Liewen vun Dausende vu Leit huet vun engem Ament op deen anere changéiert.

D'a.s.b.l 'Hoffnung fir d'Kanner vun Tschernobyl' hëlleft op der Plaz, zu Slavgorod an Ëmgéigend, 260 Kilometer Loftlinn vun Tschernobyl ewech. Et kommen awer och Kanner vun dohannen reegelméisseg op Lëtzebuerg an d'Vakanz an déi schwätzen esouguer Lëtzebuergesch.

AUDIO: Am Gespréich mam Marie-Jeanne Hilgert-Schmit

D'Emissioun "Am Gespréich ..." vu méindes bis freides tëscht 12 an 13 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou duerno och de Replay (Audio a Video) ze fannen ass.