De Sonnden, den 30. Juni invitéiert d'Police op hire Police-Dag zu Miersch bei de Futtballsterrain, mat villen Demonstratiounen an Informatiounsstänn.

Et léiert een de Beruff bei der Police besser kennen an et gesäit een och wéi villsäiteg dee ka sinn.

De Personalchef vun der Police Francis Lutgen huet mat eis doriwwer geschwat, grad sou iwwert de Rekrutement, fir bei d'Police schaffen ze kommen. A mir hunn den Direkter vun de Ressources Humaines och privat e bëssi besser kennegeléiert.

AUDIO: Francis Lutgen am Gespréich

D'Emissioun "Am Gespréich ..." vu méindes bis freides tëscht 12 an 13 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou duerno och de Replay (Audio a Video) ze fannen ass.