En Interview mam Direkter vun de 'youth hostels', de Lëtzebuerger Jugendherbergen.

Mam Här Pommerell hu mer iwwer d’Geschicht vun de Jugendherbergen gekuckt, deenen hir Gebuertsstonn am Joer 1909 am Däitsche Sauerland war. E Schoulmeeschter war deemools mat senger Klass wanderen an huet en Ënnerdaach gebraucht. Wat ass zanterhier geschitt a wéi war d’Entwécklung vun de Jugendherbergen hei am Land? Aktuell ginn et 9 Jugendherbergen hei zu Lëtzebuerg, verdeelt duerch de ganze Grand-Duché mat enger grousser Offer un Aktivitéite fir déi ganz Famill.

AUDIO: Serge Pommerell am Gespréich

D'Emissioun "Am Gespréich ..." vu méindes bis freides tëscht 12 an 13 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou duerno och de Replay (Audio a Video) ze fannen ass.