E Sonndeg ass Leidelenger Kiermes, mä déi traditionell Feier kritt e komplett neien a faarwegen Outfit.
30 Kënschtler hunn an de leschten Deeg a Wochen den Duerfkär bemoolt an an engem vun de faarwegen Haiser ass och eng Ausstellung mat Wierker vu lokalen, nationalen an internationale Kënschtler. Initiateur ass de Raphael Gindt, selwer Street-Art-Kënschtler, deem seng Aarbechten een uechtert d'Land ka gesinn. Am Gespréich huet hien iwwer d'Aktioun zu Leideleng erzielt, iwwer seng aner Projeten an iwwer de Kamellebuttek zu Esch.
Leidelenger Kiermes 2.0
Kiermes emol anescht- dat hu se sech zu Leideleng geduecht a fir den traditionelle RV eng kreativ Approche geholl. Leidelenger Kiermes 2.0: Where Urban Art and Indie Pop meets Kniddelen and Knuppautoen!
Dobäi si gläich zwou Mécke mat engem Schlag gefaange ginn: déi eidel Gebaier am Zentrum vun der Uertschaft kruten e faarwegen Outfit mat engem Konschtprojet un deem 33 Artisten bannen a bausse geschafft hunn. E Freiden war de Vernissage mat enger Rei Concerten.
Wat dono mat den Haiser, déi schonn 10 Joer eidel stinn, geschitt ass nach net gewosst. E Sonndeg kann een déi traditionelle Kiermessonndeg awer op der Plaz feieren.
D'Emissioun "Am Gespréich ..." vu méindes bis freides tëscht 12 an 13 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou duerno och de Replay (Audio a Video) ze fannen ass.