Den 1. Oktober leeft déi éischt Episode vun der Serie "Capitani" op Tëlee Lëtzebuerg.

Hei geet et ëm déi spannend Geschicht ronderëm de Mord un engem jonke Meedchen an d'Aarbecht vun der Police. D'Iddi dervu staamt vum Thierry Faber, deen och scho bei enger Parti aner Filmer mat um Dréibuch geschriwwen, z. Bsp. bei Superjhemp returns. Nieft dem Schreiwen ass den Thierry Faber awer och schonn am Montage oder als Regisseur aktiv gewiescht. 

AUDIO: Am Gespréich Thierry Faber

D'Emissioun "Am Gespréich ..." vu méindes bis freides tëscht 12 an 13 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou duerno och de Replay (Audio a Video) ze fannen ass.