"Happy Birthday" Hëllef Doheem! Zanter 20 Joer gëtt et dës Fondatioun an ass haut dee gréisste Reseau fir Hëllef a Soin doheem.

Mir hu mam Direkter vun Hëllef Doheem, dem Benoît Holzem geschwat. Well si feieren dëst Joer 20 Joer an dat ass dach mol Grond genuch, fir dës Fondatioun mat méi wéi 1.900 Mataarbechter méi genee virzestellen. Et ass dat gréisste Netzwierk fir Hëllef a Soin Doheem. Wat fir Servicer bidde si un? Wéi kënnt een iwwerhaapt u si? Wat sinn d'Erausfuerderunge vun Hëllef Doheem bei enger Populatioun, déi ëmmer méi al gëtt.

AUDIO: Benoît Holzem am Gespréich

D'Emissioun "Am Gespréich ..." vu méindes bis freides tëscht 12 an 13 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou duerno och de Replay (Audio a Video) ze fannen ass.