"Péitruss" heescht dem Lëtzebuerger Cineast Max Jacoby säi Film, deen den Ament am Kino leeft.

E Genre Thriller an deem et ëm eng Fra geet, déi ufänkt hire Frënd ze verdächtegen de Mäerder vu jonke Meedercher ze sinn. De Max Jacoby lieft a schafft zënter enger Rei Joren am Ausland, fir d'éischt zu London an elo an Holland. Trotzdem war et fir hie kloer, datt de Setting vu sengem Dréibuch nëmme konnt zu Lëtzebuerg spillen. Wéi sou dat esou ass a wat seng weider Projete sinn, verréit de Max Jacoby als Invité am Gespréich.

Am Gespréich: Max Jacoby



D'Emissioun "Am Gespréich ..." vu méindes bis freides tëscht 12 an 13 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou duerno och de Replay (Audio a Video) ze fannen ass.