Hien ass Fotograf, Graphiker, Buchdrécker, Auteur, Proff, Artist ...

... an en huet säin Dispositif fir d'Artweek direkt an der Entrée vun der Hal Victor-Hugo. Den Daniel Wagener weist hei op wéi eng verschiddene Manéieren a mat wéi enge Supporten ee Konscht kann ausstellen an e léist d'Visiteuren sech selwer hiert Bichelchen drécken. Iwwer dëse Projet "Dispositif" awer och iwwer seng Aarbecht an iwwer Bréissel, wou e wunnt, geet Rieds mam Daniel Wagener am Gespréich.

Den Daniel Wagener am Gespréich

D'Emissioun "Am Gespréich ..." vu méindes bis freides tëscht 12 an 13 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou duerno och de Replay (Audio a Video) ze fannen ass.